Actualité

Mir gratuléieren eise Schüler fir hir excellent Resultater!

Déi ganz Schoulcommunautéit gratuléiert dem Moritz Rohner an dem Max Thiel ganz häerzlech fir hir excellent Resultater bei der Physiks- a Chimiesolympiad 2024!

Déi 1t Plaz an der Lëtzebuerger Physiksolympiad geet un de Moritz Rohner vun der Klass 2B an déi 6te Plaz geet un den Max Thiel vun der 2B!

Präisiwwerreechung Physiksolympiad 2024 (c) Jeff Heyart

Screenshot / source : https://physique.olympiades.lu/les-resultats/

Déi 3t Plaz an der Lëtzebuerger Chimiesolympiad geet un de Moritz Rohner vun der Klass 2B an déi 10te Plaz geet un den Max Thiel vun der 2B!

Präisiwwereechung vun der Chimiesolympiad 2024 (c) Jeff Heyart


De Moritz Rohner (2B) qualifizéiert sech domat fir déi europäesch Physiksolympiad zu Kutaisi a Georgien, déi vum  15 – 19 Juli 2024 statt fënnt.


D’ganz Schoulcommunautéit ass houfreg op déi excellent Resultater vun eise SchülerInnen beim Jugendliteraturpräis Prix Laurence an dem Concours Jeune Printemps vum Printemps des Poètes. Dës Concoursen hunn näischt direkt mat der Schoul ze dinn, awer mir encouragéieren eis SchülerInnen deel ze huelen a freeën eis mat hinnen fir hir gutt Leeschtungen!!!

Den 1te Präis beim Prix Laurence an der Kategorie 18-26 Joer geet un d’Leni Georges vun der Klass 2A!

2024 Prix Laurence 18-26 ans (c) Jérôme Jaminet

Den 1te Präis beim Prix Laurence an der Kategorie 12-17 Joer geet un de Ruben Chardome vun der Klass 45!

2024 Prix Laurence 12-17 ans (c) Jérôme Jaminet

De Prix « Mention Spéciale du Jury » vum Concours Jeunes Poètes geet un d’Loredana Barnellini vun der Klass 2C!


Gratulatioun och de SchülerInne vun der Klass 41, déi ënnert dem Leedung vun hirer Franséisch-Proff Anne Majerus um Projet « du trac au tac » vun der Compagnie du Grand Boube mam Escher Theater deelgeholl hunn.

E Samschden, den 27. Abrëll hunn d’SchülerInnen zwee kuerz Extraiten déi si zesummen astudéiert haten op der Bühn vum Escher Theater präsentéiert.

Den Eliott Mathieu, Martim Nunes Ferreira, Denis Everling, Alan Durakovic, Gilles Ulbricht a Luca Schlentz kruten de Prix des Élèves fir hir Opféierung vun « Association de Malfaiteurs » vun Monthy Python

classe 41 (Mme Majerus)

photo credits : (c) Jeff Heyart fir d’Lëtzebuerger Olympiaden/ Jérôme Jaminet fir d’Photoen vum Prix Laurence / Fiedler Nancy fir d’Photo am Escher Theater / Loredana Barnellini fir d’Photo vum Prix Jeune Printemps