Actualité

Stage écologique à Ovifat (classe 2C)

Stage écologique an den Hautes-Fagnes 

D’3eC an d’2eC hunn dëst Joer vum 22. bis de 24. Abrëll hire Stage écologique an den Hautes-Fagnes an der Belsch verbruecht. Den éischten Dag no der Rees op Ovifat an no der Ënnerbréngung an der Jugendherberg ware mir am „Musée FANIA“, wou eis den interessanten a immens villsäitege „ Paysage des Hautes-Fagnes“ méi no bruecht gouf. Den zweeten Dag dunn si mir selwer aktiv ginn. An zwou Gruppen agedeelt, si mir bei zwee verschidde Flëssleef gaangen, woubäi mir schonn um Wee dohin en Androck vun der charakteristescher Flora vun dëser Landschaft kruten. Duerno goufen dann Analyse vum Waasser gemaach. Mat ënnerschiddleche Methoden a Materialien hu mir dat charakteristescht Waasser vun den Hautes-Fagnes getest. Den drëtten a leschten Dag ass et héich erop gaange bis op den héchste Punkt vun der ganzer Belsch, de „Signal de Botrange“. Hei konnte mir eis mam „milieu fagnard“ nach besser vertraut maachen. Mir hunn d’Vegetatioun gekuckt an d’Ënnerscheeder vum Buedem an dëser besonnescher Landschaft ënnert d’Lupp geholl.

Et waren dräi interessant an léierräich Deeg an enger schéiner Landschaft. Hei e klengen Tipp fir déijéineg, déi dohi fuere wëllen: d’Hautes-Fagnes leien zimmlech héich, wouduerch et dach e bëssi méi frësch si kann. Mir haten am Abrëll Schnéi.“

Sarah Salucci, Julie Wagner an Ana Ribeiro vun der 2eC