Actualité

Les excursions de fin d’année

Ausfluch vun der 6e2 op Tréier

D’6e2 war um Ausfluchssdag, freides dem 5. Juli, zu Tréier. De Grupp huet moies den Dag mat enger Visitt vun de Kaiserthermen ugefaangen. Hei si mir vun eisem Guide alles iwwert den Opbau vun esou enger Thermenanlag gewuer ginn, vun de Waarm- a Kalwaasserbasenge bis erof an d‘Heizgäng an an den Ofwaasserkanal ënnert dem Buedem.

No engem klengen Ofstiecher an d’Palastaula vun de réimesche Keeser (déi haiteg Konstantinbasilika) blouf Geleeënheet, fir d‘Tréirer Foussgängerzon auszekundschaften. A frësch gestäerkt si mer nomëttes an den Amphitheater weidergetrëppelt, wou e Gladiator eis an Ëmfang geholl huet. Aus éischter Quell si mir an d’Welt vun de bluddege Spiller vum Réimesche Räich agefouert ginn. Um Enn konnt jidderee sech mat Schwäert, Schëld an Netz un de Kampftechniken ausprobéieren.

 

 


Köln (classe 5CL1)

D’Schülerinnen a Schüler vun der 5CL1 ware vum 5. op de 6. Juli 2024 op een Ausfluch op Köln. Nieft dem Kölner Doum an der Alstad stoung ënnert anerem eng Visitt am Schockelasmusée um Programm. Begleet goufe si vun der Madamm Christiane Hamen, der Madamm Liane Hurt an dem Här Daniel Luciani.