Op enger 7e am LGE (LU)

Allgemeng Informatiounen

Ee Schüler, deen an den Enseignement secondaire classique orientéiert gouf, a sech dann fir de Lycée de Garçons Esch (LGE) entscheet, huet follgende Choix, fir sech anzeschreiwen:

  • 7eC (déi regulär 7e)
  • 7e classe musicale
  • 7e classe sportive
  • 7e classe artistique
  • 7e allemand renforcé

Fir d’Transitioun tëscht dem Fondamental an dem Lycée ze assuréieren, ass ee speziellen Encadrement virgesinn.


Den Accueil

Deen éischte Schouldag fënnt mëttes een Accueil vun den Elteren an deenen neie Schülerinnen a Schüler statt. Wärend d’Eltere vun der Direktioun wichteg Informatioune kréien an d’APELGE (Association des parents d’élèves du LGE) kenneléieren, ginn d’Schülerinnen an d’Schüler vun dem Regent/der Regente an Empfank geholl.

Op eng ongezwonge Manéier léieren d’Schülerinnen an d’Schüler hir Klassekamerode kennen a verbréngen hir éischt zwou Stonne mam Regent/mat der Regente. Donieft maache si Bekanntschaft mat den Elèves-tuteurs. Dëst si Schülerinnen a Schüler, déi schonns e puer Joer am Lycée sinn an déi nei LGE-Memberen op hirem Wee am Ufank begleede wäerten.

Deen zweete Schouldag kréien déi nei Schülerinnen a Schüler de Schoulrestaurant gewisen an d’Elèves-tuteurs féiere si duerch d’Gebai, fir dass si sech do och zurecht fannen, iert de Regent/d’Regente si méi genee an d’Schoulliewen am LGE aféiert.

Am Laf vun deenen éischte Woche gëtt iwwerdeems een Dag am Ellergronn organiséiert. An dësem geschichtsträchtegen Ëmfeld maachen d’Schülerinnen an d’Schüler ee Rallye duerch de Bësch. Donieft organiséieren d‘Educateuren aus dem SSE (Service Socio-Educatif) Aktivitéiten, bei deenen d’Schülerinnen an d’Schüler sech besser kenne léieren a verschidden Aufgaben ze léise kréien.


Den Tutorat

Donieft ass déi éischt Woche vun der 7e een Tutorat vun enger Stonn d’Woch virgesinn. D’Schülerinnen an d’Schüler ginn a kleng Gruppen agedeelt a léieren, wéi ee sech am Lycée organiséiere soll esou wéi eng Partie Léiertechniken. Dës Stonne gi vun engem Professer iwwerholl, deen och Titulaire vun der Klass ass.

Sollt sech erausstellen, dass ee Schüler/eng Schülerin weiderhi Schwieregkeeten huet, fir sech ze organiséieren, bitt den SePAS (Service Psycho-Social et d’Accompagnement Scolaires) een individuellen Tutorat un.

Schülerinnen a Schüler mat spezifesche Besoine gi vun de Mataarbechter vun der ESEB (Équipe de Soutien pour Elèves à Besoins spécifiques) encadréiert.


Cours d’appui intégré“ oder „Cours découverte“

No der Allerhellegevakanz ginn d’Schülerinnen an d’Schüler entweder an ee „Cours d’appui intégré“ oder an ee „Cours découverte“ orientéiert. Dësen Encadrement ass an dee reguläre Stonneplang integréiert.

De „Cours d’appui intégré“, dee meeschtens vum Titulaire vun der Klass gehale gëtt, bitt de Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, hir eventuell Schwächten opzeschaffen, respektiv profitéiere si vun zousätzlechen Exercicer an Erklärungen.

De „Cours d’appui intégré“ gëtt a follgende Fächer ugebueden:

  • Däitsch (1 oder 2 Stonne pro Woch)
  • Franséisch (1 oder 2 Stonne pro Woch)
  • Mathematik (1 oder 2 Stonne pro Woch)

Déi Schülerinnen a Schüler, déi keng weider Ënnerstëtzung an engem vun den Haaptfächer brauchen, dierfen nei Disziplinne kenne léieren an entdecken an domat an eppes era schnupperen, wat net am regulären Horaire virgesinn ass. Esou kann een z.B. léieren, wéi ee filmt an ee Montage mécht oder eng Initiatioun an d’Italienescht kréien.


Cours d’appuien

No der Schoul ginn „klassesch“ Cours d’appuien an den Haaptfächer ugebueden.


Études surveillées

Zweemol an der Woch besteet d’Méiglechkeet, dass d’Schülerinnen a Schüler méi laang am LGE bleiwen, fir do a Rou hir Hausaufgabe maachen ze kënnen.


7e classe musicale

D’Schülerinnen an d’Schüler, déi een Instrument spillen, kënne sech an eng „7e musicale“ aschreiwen. Dës hunn doduerch am Laf vum Schouljoer eng Schoulstonn Musek an der Woch méi. Domat hu si 3 Museksstonnen. Dës Klass hëlt och um Museksspektakel „Melomania“ deel.


7e classe sportive

Déi Schülerinnen a Schüler, déi sech an eng „7e sportive“ aschreiwen, hunn am Laf vum Schouljoer eng Schoulstonn Sport an der Woch méi. Domat hu si 4 Sportsstonnen. Donieft hu si och d’Méiglechkeet, un engem Classement deelzehuelen, fir da bei engem Sportsstage matgeholl ze ginn. Si ginn domat belount fir hir Participatioun an hir gutt Leeschtunge bei der LASEL, der Sportssektioun oder de Championnater, déi tëscht de Klasse gespillt ginn.

Fir op enger 7e classe sportive ugeholl ze ginn, muss ee follgend Viraussetzunge matbréngen:

  1. Engagement fir de Sport : De Schüler ass oder war en aktive Member vun engem Sportsclub.
  2. Interessi u Sport : De Schüler weist den Interêt, verschidde Sportaarten z’entdecken an dorunner deelzehuelen.
  3. Participatioun un ausserschoulesche sportlechen Aktivitéiten am Kader vun der LASEL : De Schüler muss ee- bis zweemol pro Trimester disponibel sinn, fir un de Schoulmatcher deelzehuelen, déi vun der LASEL organiséiert ginn. Dës Matcher fannen donneschdes am Nomëtte statt. Wann hie geruff gëtt, huet d’LASEL-Aktivitéit Virrang virun all Clubtraining, dat zur selwechter Zäit stattfënnt.

7e artistique

“D’7e artistique” bitt kreative Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, sech schonn am Ufank vum Secondaire méi intensiv mat der Konscht ze beschäftegen. Si erlaabt hinnen, hir Fantasie, hire Sënn fir Konscht an hir Talenter an engem stimuléierende Kader weider ze entwéckelen.

Dës Klass riicht sech besonnesch u Schülerinnen a Schüler, déi sech fir Zeechnen, Molerei an artisteschen Ausdrock begeeschteren.


7e allemand renforcé

Op der Klass 7e “Allemand renforcé” hunn d’Schülerinnen a Schüler eng zousätzlech Stonn Däitsch pro Woch, fir hir sproochlech Kompetenzen ze stäerken. Dës Klass riicht sech besonnesch u Schülerinnen a Schüler, déi an der Grondschoul eng Recommandatioun fir ee Renforcement am Däitschen kritt hunn.