Am 3. Trimester haten d’Klasse 6C3 a 6C4 d’Geleeënheet, um Workshop „Think, talk and act like a robot“ vum Scienteens Lab um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg deelzehuelen.
Am éischten Deel vum Workshop kruten d’Schülerinnen a Schüler eng interaktiv Aféierung an d’Welt vun den Algorithmen, dem Coding an der Robotik. Nieft den theoreeteschen Erklärungen a spannenden Ablécker an d’Funktiounsweis vu moderner Technologie goufen si ëmmer nees aktiv mat agebonnen.
Am zweeten Deel stoung d’Praxis am Mëttelpunkt: D’Participanten hunn op Basis vu Block-Coding selwer e Roboter programméiert an hie verschidden Aufgaben ausféiere gelooss. Dobäi konnten si gréisstendeels autonom schaffen a selwer erliewen, wéi Roboter „denken“, „schwätzen“ an „handelen“.

