Actualité

dayCARE 2026

Den 22. September gouf am Festsall vum LGE dayCARE 2026 eise Schülerinnen a Schüler vun der 3e an 2e virgestallt.

Déi Jonk kruten erkläert, wéi si sech am Kader vun dayCARE sozial engagéiere kënnen a gläichzäiteg wäertvoll Erfarunge fir hir perséinlech a berufflech Zukunft sammele kënnen. D’Participatioun bitt hinnen d’Méiglechkeet, Abléck an d’Aarbechtswelt ze kréien, Kontakter mat potenziellen Employeuren ze knäppen an hiren CV opzewäerten. Gläichzäiteg kënne si erausfannen, wéi eng berufflech a schoulesch Weeër am beschten zu hiren Intressie passen.

E grousse Merci un CARE Luxembourg fir déi informativ Presentatioun an déi interessant Abléck!