Actualité

Alchemisten von Dellhéicht

An enger Kollaboratioun, wéi ët se hei zu Lëtzebuerg sëcher (an och am Ausland an der Form wahrscheinlech nach) nie gouf, hu mir en Theaterstéck a Form vun enger experimenteller Naturwëssenschaftsshow präsentéiert.

D’Stéck spillt am Mëttelalter, op engem groussen Treffen vun Alchemisten. Wéi op emol e kléngen Alchemistenaspirant entféiert gëtt! Hien gëtt vun der béiser Hex nëmmen dann nees fräi gelooss, wann sie d’Formel krit fir Koffer a Gold ze verwandelen. Op der sich no der Formel begéinen d’Frënn vun dem kléngen Alchemist in spe sou munch komesch Leit a mussen eng ganz Partie vun Aufgaben léisen, bei denen därf gestaunt a awer och vill gelaach gin.

Schüler vun der 2e vum Escher Jongelycée hun heifir spektakulär Experimenter eraus gesicht an au Point gesat an eng witzeg Geschicht do ronderëm geschriwwen. Déi méi jonk Schüler vum Cycle 3 a 4 vun der Grondschoul Dellhéicht hun a Workshopen d’Welt vun der Naturwëssenschaften an der Theaterwelt kennen geléiert. An elo, den 25 an 26. Juni hunn sie dat ganzt dann zesummen op d’Bühn bruecht. Koordinéiert gouf dat ganzt dann och nach vun der asbl Déi kleng Fuerscher, déi séch konstituéiert huet fir d’Naturwëssenschaften am Grondschoulalter ze förderen.

Den Uelzechtkanal, de landeswäit bekannten Fernsehsender aus dem Escher Jongelycée, huet dofir gesuergt, dass all Klengegkeet gudd ze gesin war.

Déi ganz Produktioun war eng Iddi / Initiativ vum Astrid Maischak a stoung ennert der Leedung vum : Astrid MAISCHAK, Jerry WAGENER & Maryse LALLEMAND