Actualité

Stage écologique à Hollenfels

Den 3. a 4. Juni 2015 sinn d’2ième C vun der Madame Lamberty an d’3ième C vum Här Heyart op Huelmes op e Stage écologique gefuer.

D’Schüler(innen) konnten hei déi biologesch Faktore ronderëm fléissend a stëll Gewässer ennersichen. Den zweeten Dag vum Stage hunn si op engem Tour duerch de Bësch d’Vegetatioun, d’Déieren an déi chemesch Faktoren ronderem Huelmes ennert d’Lupp geholl an doduerch hiert Wëssen an deene Beräicher erweidert.