Actualité

De Moritz Rohner (Klass 41) war zu Dallas op der „International Science and Engineering Fair“

Am Kader vum Concours „Jonk Fuerscher“ war de Moritz ROHNER (Klass 41) zu Dallas op der „International Science and Engineering Fair“, wou hie säi Fuerschungsprojet virgestallt huet.

Begleet gouf hie vun der Mme Eang vun der „Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg“ (Jonk Fuerscher).

Den anere lëtzebuergesche Participant war de Maxime Buck aus dem LMRL. Hien huet eng 4. Plaz an der Kategorie „Systems Software“ gewonnen.

Kuckt hei e Reportage vun RTL: « Et war mega flott: Zwee Lëtzebuerger um gréisste Wëssenschaftsconcours an Texas mat dobäi »







Kierzlech war de Moritz Rohner schonn zu RIGA bei der EOES 2023. Do huet hien zesumme mam Max Thiel (3B, LGE) a mam Siena Oates (Europaschoul) eng Goldmedail gewonnen!

Un der Lëtzebuerger Physiksolympiad huet hien och deelgeholl. De Moritz huet do déi zweet Platz beluecht a geet vum 10. bis de 17. Juli op d’Weltolympiad a Japan.

Mir gratuléieren him häerzlech fir dës excellent Resultater a wënschen him op dëser Plaz bonne Chance fir d‘Welt-Physik-Olympiad a Japan!