Actualité

SevenToHeaven vertrëtt Lëtzebuerg bei der europäescher CanSat Finall

SevenToHeaven (vu lénks no riets): Thiel Pol (2CB), Pereira Marques Daniel (2CC2), Quaring Pit (2CC2), Santos Esteban (2CE), Licina Ilan (2CB), Picard Noé (2CB)

Am Mee hunn eis Schüler bei der nationaler Finall vum CanSat Concours exzellent Resultater erziilt an dobäi d’Privileeg gewonne Lëtzebuerg an der europäescher Finall ze vertrieden.

De 26. Juni war et dann endlech sou wäit an eis Schüler sinn a Begleedung vum René Michel, engem Ingenieur vun der SES, op Granada opgebrach. Leider konnten hir Enseignanten si opgrond vum ongënschtegen Zäitraum net begleeden.

Bis zum 30. Juni hunn d’Schüler nach eemol d’Chance krut sech an hire Projet ze presentéieren, hire CanSat an enger eegener Rakéit ze starten a schlussendlech d’Resultater ze presentéieren. Zousätzlech dozou kruten si d’Chance sech mat den aneren Delegatiounen auszetauschen an hir Erfarungen ze deelen.

Leider konnt sech eis Ekipp dës Kéier net géint déi méi erfuere Konkurrenz aus anere Länner duerchsetzen. Trotzdeem kënnen si houfreg op hir Leeschtung sinn!

Fir méi Fotoen a Videoen, kënnt där gären de folgenden QR-Code benotze fir op den Instagram Account vu SevenToHeaven geleet ze ginn.