Den 9. November waren d’Madamm Gaetti an d’Madamm Ney mat der Klass 62 um Science Festival. Begleet goufen si vum Här Weyer, dee Fotoe gemaach huet.
D’Schüler/innen hunn un 3 verschidden Atelier’en deelgeholl:
« Gestaltet euer intelligentes Haus » : Mir sinn agedaucht an d’Welt vun Elektronik, Code & Design an hunn en « intelligent » Haus gestalt, wou Luuchten op Distanz kennen un- an ausgemaach ginn. Mir hunn dofir eng einfach Automatiséierung programméiert.
« Der Mensch, die Maschine … und die Umwelt! » : Technologien erliichteren eisen Alldag, mee leider bleift d’Ëmwelt oft op der Streck. Kënnen interaktiv Systemer ons zu ëmweltfrëndlechem Verhale verhëllefen? Mir sinn z.B. mat engem « Virtual reality »-Brëll an de Supermarché akafe gaangen an hunn iwwerluecht, wéi mir eise Schoulwee méi nohalteg kënne gestalten.
« Auf der Spur des Unsichtbaren und Unhörbaren » : Ons Aen an Oueren si Wonnerwierker vun der Natur. Trotzdeem kënnen si net alles gesinn oder héieren. Tatsächlech hu bestëmmten Déieren do ganz besonnesch Tricken entwéckelt a kennen z.B. Infrarout-Stralung gesinn oder Ultraschall héieren. Zu deem Thema hu mir faszinéierend Experimenter gewise kritt!
photos : (c) Henri Weyer