Actualité

d’Klass 6.2 um Science Festival

Den 9. November waren d’Madamm Gaetti an d’Madamm Ney mat der Klass 62 um Science Festival. Begleet goufen si vum Här Weyer, dee Fotoe gemaach huet.

D’Schüler/innen hunn un 3 verschidden Atelier’en deelgeholl:

« Gestaltet euer intelligentes Haus » : Mir sinn agedaucht an d’Welt vun Elektronik, Code & Design an hunn en « intelligent  » Haus gestalt, wou Luuchten op Distanz kennen un- an ausgemaach ginn. Mir hunn dofir eng einfach Automatiséierung programméiert.

« Der Mensch, die Maschine … und die Umwelt! » : Technologien erliichteren eisen Alldag, mee leider bleift d’Ëmwelt oft op der Streck. Kënnen interaktiv Systemer ons zu ëmweltfrëndlechem Verhale verhëllefen? Mir sinn z.B. mat engem « Virtual reality »-Brëll an de Supermarché akafe gaangen an hunn iwwerluecht, wéi mir eise Schoulwee méi nohalteg kënne gestalten.

« Auf der Spur des Unsichtbaren und Unhörbaren » : Ons Aen an Oueren si Wonnerwierker vun der Natur. Trotzdeem kënnen si net alles gesinn oder héieren. Tatsächlech hu bestëmmten Déieren do ganz besonnesch Tricken entwéckelt a kennen z.B. Infrarout-Stralung gesinn oder Ultraschall héieren.  Zu deem Thema hu mir faszinéierend Experimenter gewise kritt!



photos : (c) Henri Weyer