Actualité

Stage sportif 2023/2024 au « Lakeside Paradise » à Knokke

Informatiounen iwwert de Stage sportif 2024

De Programm vum Stage Sportif 2024


Sportsstage Knokke-Heist

Vum 17. op den 18. Juni waren d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Escher Jongelycée, déi sech sportlech am meeschten am Schouljoer engagéiert haten, fir e Waassersportsstage op Knokke-Heist.

Ugefaangen huet dësen Ausfluch um „Lakeside Paradise“, wou d’Schülerinnen an d’Schüler grad esou wéi och d’Professeren N. Lamborelle, S.  Seywert a L. Jankowski d’Geleeënheet hate sech bei enger sëllegen Aktivitéiten um Séi auszestesten. No dräi Stonnen Teambuilding op der Subzilla, Stand-up Paddle, Knee- oder Wakeboarding konnt jidderee bei engem Barbecue zu Kräfte kommen.

Ofschléissend ass déi ganz Ekipp vun 29 Jongen a Meedercher Richtung Digue getrëppelt, wou de Sonnenënnergang mat enger gudder Glace konnt genoss ginn. Um 23h00 Auer ass bei (plus/minus) jidderengem d’Luucht ausgemaach ginn.  Den zweeten a soumat leschten Dag goufen d’Sportlerinnen an d’Sportler um Strand erausgefuerdert. De „Surfers Paradise“, deen net emol zéng Minutte vum Séi ewech war, huet och erëm eng Rëtsch Aktivitéite gebueden.

Opgedeelt an zwou Gruppen, haten d’Schülerinnen an d’Schüler d’Méiglechkeet Skate- oder Longboard ze fueren oder Beachvolleyball ze spillen.

Leider huet sech d’Sonn am Nomëtte ganz verzu gehat an de Reen huet sech bemierkbar gemaach. Nom Motto „naass ass naass“ ass et dunn an d’Mier gaange fir Kayak an Teambuilding-Spiller op der Subzilla auszetesten. De Wand war leider net um Programm, soudass d’Surfbrieder net zum Asaz koumen –  deemno ee Grond fir dësen Trip ze widderhuelen.

No enger waarmer Dusch an engem gudden Owesiesse war jiddwereen – och d’Begleeder – frou doriwwer, sech am Bus op der Heemrees kënnen auszerouen.

Am Groussen a Ganze war et eng flott Erfarung. E Merci un déi ganz Ekipp. Et kann ee scho gespaant sinn, wou deen nächste Sportsstage déi engagéiert Sportlerinnen a Sportler hiféiert.

D’Sportsprofesseren aus dem LGE


Notre équipe de choc 🙂

Mme Lamborelle, Loe Ginepri, Pol Sabbatini, Mira Fecchi, Sarah Kill, Ina Durakovic, Emmi Berg, Lea Nemenz, Jess Reckinger, Kerim Adrovic, Tamara Lobo, Victor Wagner, Nick Passeri, Eduardo Da Silva Malheiro, Mattia Comodi, Abdussamed Ceman, Shari Von Arx, Alpha Bah, Lloyd Bontemps, Stella Tralcio, Zoé Buisson, Glendi Laze, Lenny Nitschké, Elora Ollivier, Rida Elrifai, Ekaterina Urzhumtseva, Nema Cá, Max Langehegermann, Fedor Gasparri, Luis Rocha Monteiro, Mme Jankowski, Mr Seywert

 


Voici quelques impressions:

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 


See you all next year 🙂