Informatiounen iwwert de Stage sportif 2024
De Programm vum Stage Sportif 2024
Sportsstage Knokke-Heist
Vum 17. op den 18. Juni waren d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Escher Jongelycée, déi sech sportlech am meeschten am Schouljoer engagéiert haten, fir e Waassersportsstage op Knokke-Heist.
Ugefaangen huet dësen Ausfluch um „Lakeside Paradise“, wou d’Schülerinnen an d’Schüler grad esou wéi och d’Professeren N. Lamborelle, S. Seywert a L. Jankowski d’Geleeënheet hate sech bei enger sëllegen Aktivitéiten um Séi auszestesten. No dräi Stonnen Teambuilding op der Subzilla, Stand-up Paddle, Knee- oder Wakeboarding konnt jidderee bei engem Barbecue zu Kräfte kommen.
Ofschléissend ass déi ganz Ekipp vun 29 Jongen a Meedercher Richtung Digue getrëppelt, wou de Sonnenënnergang mat enger gudder Glace konnt genoss ginn. Um 23h00 Auer ass bei (plus/minus) jidderengem d’Luucht ausgemaach ginn. Den zweeten a soumat leschten Dag goufen d’Sportlerinnen an d’Sportler um Strand erausgefuerdert. De „Surfers Paradise“, deen net emol zéng Minutte vum Séi ewech war, huet och erëm eng Rëtsch Aktivitéite gebueden.
Opgedeelt an zwou Gruppen, haten d’Schülerinnen an d’Schüler d’Méiglechkeet Skate- oder Longboard ze fueren oder Beachvolleyball ze spillen.
Leider huet sech d’Sonn am Nomëtte ganz verzu gehat an de Reen huet sech bemierkbar gemaach. Nom Motto „naass ass naass“ ass et dunn an d’Mier gaange fir Kayak an Teambuilding-Spiller op der Subzilla auszetesten. De Wand war leider net um Programm, soudass d’Surfbrieder net zum Asaz koumen – deemno ee Grond fir dësen Trip ze widderhuelen.
No enger waarmer Dusch an engem gudden Owesiesse war jiddwereen – och d’Begleeder – frou doriwwer, sech am Bus op der Heemrees kënnen auszerouen.
Am Groussen a Ganze war et eng flott Erfarung. E Merci un déi ganz Ekipp. Et kann ee scho gespaant sinn, wou deen nächste Sportsstage déi engagéiert Sportlerinnen a Sportler hiféiert.
D’Sportsprofesseren aus dem LGE
Notre équipe de choc 🙂
Voici quelques impressions:
See you all next year 🙂